MiwwelfestivalGeschäfter zéien trotz Covid e positive Bilan

Tim Morizet
Déi zwee lescht Sonndeger hunn d'Miwwelhändler hire Clientë speziell Offerte gemaach.
Bilan Miwwelfestival
Positiv Bilanz zéien d’Miwwelverkeefer nom Festival.

An trotz de schwieregen Zäite schéngt de Succès net ausbliwwen ze sinn. Méi Clienten, ewéi déi Jore virdrun, si kucke komm, a méi Commandë goufe gemaach. Den Ëmsaz goung erop. Ma et fänkt een elo eréischt un, de Retard vum Confinement nees opzehuelen, sou de Jean-Pierre Thill vun engem Miwwelhaus zu Housen.
Mir hunn 8 Woche laang net geschaaft. Natierlech musse mer déi den Ament nach ophuelen. Op d’mannst ass d’Branche hei zu Lëtzebuerg an och bei eisen auslännesch Kolleegen nach relativ gutt derduerch komm.“

Virun allem d’Kafverhalen an d’Prioritéite vun de Leit hätt sech iwwert déi lescht puer Méint verännert, sou de Jean Seil, Miwwelverkeefer zu Gréiwemaacher.

„D’Leit hunn elo Objete prioriséiert, déi virdru wéinst anere Pläng ze kuerz komm si. An do sinn der eng Rëtsch dobäi, déi sech gesot hunn: elo investéieren ech an eng nei Matrass, oder Fotell, zum Beispill.“

D’Kichen ass a bléift zanter Joren e ganz grousst Thema zu Lëtzebuerg. Besonnesch, well vill gebaut gëtt, ma och well de Wunnraum sech ëmmer méi konzentréiert an d’Kichen zum Häerzstéck vum bewunnten Espace gëtt.

Sief et déi nei Kichen, Couch oder de Kichendësch. D’Waardezäit no der Bestellung kéint sech eventuell an d’Längt zéien. Esou muncher Verkeefer geet souguer vu Retarde vu bis zu e puer Méint aus.

D’Waardezäiten hu sech verlängert. D’Logistik packt et net méi. An de Fabricke gëtt och méi lues geschafft well un de Bänner och manner Leit dierfe stoen. An d’Matière première kënnt zum Deel awer och aus dem Osten vun der Welt,” esou de Jean-Pierre Thill.

Op verschidde Commande misst een elo scho bis Ugangs nächst Joer waarden, heescht et bei de Miwwelhändler.

Back to Top
CIM LOGO