
Net nëmme gouf den éischte Corona-Vaccin gesprëtzt, ma och eng Giraff huet d’Liicht vun der Welt erbléckst. Déi 90 Joer al Margaret Keenan war déi éischt Persoun a Groussbritannien, déi geimpft gouf. Elo gouf eng Giraff, déi de selwechten Dag op d’Welt koum, no hir benannt. E klengen Hoffnungsschimmer an Zäite vu Corona. Vum Mark Holden, Teamleeder vum Whipsnade Zoo, heescht et, dass dëse speziellen Dag sech wéi e richtege Moment vun der Hoffnung ufillt, deen ee feieren an an Erënnerung behale misst.
D’Margaret lieft nërdlech vu London am Whipsnade Zoo a gehéiert zu enger Zort Giraffen, déi vum Ausstierwe menacéiert sinn. Weltwäit ginn et vun där Aart just nach ronn 9.000 Stéck.
Weider hofft een am Zoo, dass d’Margaret Keenan an d’Margaret sech iergendwann treffe kënnen, fir sech géigesäiteg perséinlech kennenzeléieren, sou nach den Holden.
