En Donneschdeg ass Dräikinneksdag. Den Dag, wou de Melchior, de Caspar an de Balthasar der Seechen no d’Chrëschtkëndchen zu Betlehem am Stall besicht a beschenkt hunn.
Traditionell gëtt et ëm däi Zäit e ganz bestëmmte Kuch, den Dräikinnekskuch.
Dee wuel gréisste sou ee Kuch zu Lëtzebuerg gouf dëst Joer am Bouneweger Lycée. 1,20 Meter Duerchmiesser an net just eng, mee eng ganz Rei Bounen haten d’Bäckermeeschtere Jos a Jean-Marie an der Frangipane-Fëllung verstoppt.
Opgeschnidden an un d’Schüler verdeelt gouf d’Galette des rois a Presenz vun den Éieregäscht vun der Handwierkerkummer an der Fédération des Artisans.
