
Et ass an deene leschte Méint roueg ginn ëm d’Greta Thunberg. Et gi keng „Fridays for Future“ méi. Op d’mannst net physesch dobaussen op der Strooss. An och, wann d’Welt grad den Otem unhält, sou gëllt et dach weider ze kämpfe fir d’Erhale vun eiser Natur an Ëmwelt. Hei vir bei eis a Frankräich ass ee jonke Schüler, dee sech och schonn zanter Joren dofir asetzt, dass d’Leit hiert Verhalen hannerfroen an ufänken ëmzedenken. Sou muncher een an der franséischer Tëlee nennt de Victor Noël och nach d“Greta Thunberg aus der Lorraine“. Obwuel hien deem Verglach net sou ganz zoustëmmt. Et wiere vill Leit do, déi sech géingen dofir staark maachen. Hie wier ebe just een, wou immens géing mediatiséiert ginn. Ma et wier wichteg, d’Leit drun ze erënneren, dass jiddereen en Deel vun der Solutioun wier.
D’Ofholze vu Bëscher, eng intensiv Landwirtschaft, Iwwerfëschung, méi Urbanisatioun: 75% vun eiser Ëmwelt op der Äerd gouf eeschthaft duerch de Mënsch, verännert an och 66% vun de Mierer sinn dovunner betraff. Méi wéi 1 Millioun Aarte sti kuerz virdrun auszestierwen an et geet ëmmer méi séier. D’Natur, déi dem Mënsch säi Liewen erméiglecht, ass dozou verdäiwelt ginn, ënnerzegoen, et sief dann de Mënsch géing seng Gewunnechte radikal änneren. A sengem Buch “I dream of a World” schreift de Victor driwwer, wéi dréngend misst reagéiert ginn, fir dëse Prozess anzedämmen.
RTL-Artikel: Le “Greta Thunberg” lorrain? À 15 ans, il rêve de sauver la biodiversité