
Déi franséisch Bridder Igor a Grichka hunn zanter 1979 Science-Fiction- a poplärwëssenschaftlech Sendunge op der franséischer Tëlee moderéiert. Donieft ware si och Auteuren.
Wéi en Dënschdeg matgedeelt gouf, ass de Grichka Bogdanoff am Nomëtteg an engem Spidol zu Paräis no enger Infektioun mam Coronavirus verstuerwen.
“Ëmgi vun der Léift vu senger Famill a senge Bekannten ass de Grichka Bogdanoff den 28. Dezember 2021 friddlech entschlof, fir bei seng Stären ze kommen”, huet seng Famill an enger Erklärung geschriwwen, déi vu sengem Agent iwwermëttelt gouf.
