Op Schlass BiergGroussherzoglech Koppel huet nei Rous "Résilience" gedeeft

RTL Lëtzebuerg
De Grand-Duc a seng Fra haten en Donneschdeg en e bësse méi extrae Rendez-vous um Programm.
© Facebook / Cour Grand-Ducale

Op Schlass Bierg hu si a Presenz vum Premierminister Luc Frieden, deen hei och d’Roll als Zeien hat, déi nei Rous vun der Asbl “Patrimoine Roses Luxembourg” gedeeft. Si krut den Numm “Résilience”.

D’Rous, déi am Kader vum 80. Joresdag vum Enn vum Zweete Weltkrich kreéiert gouf, ass en Hommage un all déi, déi fir eis Fräiheet an de Fridde gekämpft hunn.

Back to Top
CIM LOGO