
Wéi d’Police schreift, wieren e Freideg am Nomëtteg fir d’éischt zwou Fraen an ee Mann opgefall. Nach an der Kees konnt de 57 Joer alen Déif opgehale ginn, hien huet d’Séissegkeeten am Wäert vu ronn 250 Euro missten zeréckginn.
Déi zwou Fraen hu sech aus dem Stëbs gemaach, mee sinn e puer Stonne méi spéit an deem nämmlechte Supermarché nees opgedaucht. Si hate wuel ëmmer nach Loscht op Séisses an hunn erëm probéiert, Schockela ze klauen. Dës Kéier sinn déi zwou Fraen am Alter vu 44 an 30 Joer awer net dervu komm, ouni datt d’Police géint si eng Plainte konnt maachen.
Si goufen nees fräigelooss, mee wou Polizisten hinnen zu Fouss bis bei hiren Auto nogaangen sinn, si si do op ee 34 Joer ale Mann gestouss. Hien hat Schockela an Iesse fir Bëbeeën am Wäert vu méi wéi 700 Euro bei sech. Schonn den Dag virdru soll d’Band probéiert hunn, aus engem Supermarché an der Géigend ze klauen, esou d’Police. Elo gëtt géint déi zwee Männer an déi zwou Fraen ermëttelt.