El GordoHaaptgewënner ka sech iwwer 4 Milliounen Euro freeën

RTL Lëtzebuerg
Kuerz viru Chrëschtdag hu sech och dëst Joer nees Millioune vu Spuenier en décke Batz Geld duerch d'Participatioun un der Chrëschtdagslotterie erhofft.
© OSCAR DEL POZO / AFP

Bei der traditioneller Chrëschtdagslotterie goufe méi wéi 2,4 Milliarden Euro verloust. Den Haaptgewënn, de sougenannten “el Gordo”, chiffréiert sech op 4 Milliounen Euro. Gewonnen huet de Keefer vun der Lousnummer 86148. 1.250.000 Euro goungen un den Zweetplacéierte mam Lous 72119.

D’Gewënnchance läit bei der traditioneller Chrëschtdagslotterie bei 1 zu 100.000, well och iwwert d’spuenesch Grenzen ewech ëmmer méi Leit un dëser Lotterie Gefale fannen.

Agefouert gouf déi spuenesch Lotterie 1732 vum deemolege spuenesche Kinnek, fir déi eidel Staatskeesen ze fëllen. “El Gordo” gëllt alt eelste Lotterie vun der Welt. Wéinst der héijer Geldzomm, déi verspillt gëtt, soll et iwwerdeems och déi gréisst sinn. Bal all Awunner keeft op d’mannst een “decimo”. Wéi déi Jore virdrun hunn och dëst Joer nees Millioune Leit d’Evenement op der Tëlee live suivéiert.

Back to Top
CIM LOGO