
Zu Hollywood gouf also nees de rouden Teppech ausgerullt, wou sech déi gréisste Stars drop presentéiere konnten. Scho fir déi 47. Kéier goufen d’US-Promis ënner anerem an der Kategorie Solokënschtler, beschten Acteur, Social Media Star oder TV-Star geéiert.
Richteg ofgeraumt huet dobäi den Dwayne “The Rock” Johnson. Hie krut net just de Präis als beschte Filmschauspiller a Comedy Movie Star, ma och de sougenannte “People’s Champion"-Éierepräis fir seng humanitär Verdéngschter. Beschte Schauspillerin gouf d’Scarlett Johansson. Déi zwee hu sech e Mëttwoch ënner anerem kënne géint den Daniel Craig, Eddie Murphy, Charlize Theron, Jennifer Hudson a Margot Robbie duerchsetzen.
Net zu kuerz koum awer och d’Halle Barry an der Kategorie People’s Icon, genee wéi d’Adele als bescht weiblech Solokënschtlerin oder nach d’Britney Spears als beléiftste Social Media Star. Lrschte genannte Powerfrae waren allerdéngs net perséinlech present. Wien do war, ware Memberen aus dem Kardashian-Jenner-Clan: d’Kim Kardashian krut de Präis als Fashion Ikon an hir Schwëster Khloé krut de People’s Choice Award als beschte Reality-Star.
Bescht Museksikon gouf dann nach d’Christina Aguilera an d’Ellen Pompeo, bekannt aus der Emissioun Grey’s Anatomy, huet an der Kategorie weiblechen TV-Star vum Joer de beléiften Award gewonnen.
De Rapper Lil Nas X krut de begierte Präis als männleche Kënschtler vum Joer an déi südkoreanesch Boygroup BTS hunn direkt e puer Präisser ofgestëbst, dorënner deen als bescht Grupp. D’Olivia Rodrigo gouf als Nowuesskënschtlerin fir de beschten Album geéiert.
En Iwwerbléck vun de Gewënner fënnt een um Site vun de People’s Choice Awards.