
Bei enger chinesescher Online-Auktioun ass haut eng Handysnummer fir ëmgerechent 253.000 Euro versteet ginn.
Honnerte Leit hate bei der Auktioun matgemaach, fir d’Telefonsnummer, déi mat 5 Mol der Ziffer 8 ophält, ze ergatteren.
Fir vill Chinesen ass d’Aacht eng Gléckszuel, well se op Mandarin änlech kléngt wéi d’Wuert fir Wuelstand.