Glécklech FamillHarry a Meghan weise Baby Lilibet eng éischte Kéier der Ëffentlechkeet

RTL Lëtzebuerg
D'Foto huet de Fotograf Alexi Lubomirski op sengem Instagram online gesat. Hien huet d'Koppel zanter hirer Verlobung ëmmer nees begleet.
© AFP (Archiv)

Um Bild gesäit een déi glécklech Elteren, dat klengt Lilibet a säi grousse Brudder Archie eng éischte Kéier als ganz Famill. De 4. Juni koum dat klengt Meedchen, wat mam kompletten Numm Lilibet Diana Mountbatten-Windsor, op d’Welt, ma d’Elteren hu bis elo keng Foto vun hirem Zweetgebuere verëffentlecht.

Zanter dat d’Famill a Kalifornien lieft, probéiert d’Koppel souwisou, hiert d’Privatliewen esou vill wéi méiglech aus der Ëffentlechkeet ze halen. Mat dësem Bild, wat si mol net als éischt iwwert hir eege sozial Medien publizéiert hunn, ginn den Duke and Duchess of Sussex zanter laangem nees e klengen Abléck an hiert d’Liewen.

Back to Top
CIM LOGO