An déi beléiften Harry-Potter-Serie soll och virugoen. Wien awer net op d’Sortie vum Film oder d’Streamingdéngschter wëll waarden, deen huet elo d’Méiglechkeet, op eng bëssi aner Aart a Weis an d’Welt vun de Zauberer a Muggelen anzedauchen. An dat zu Schëffleng, wou ganz engagéiert a kreativ Dekorateure vill Zäit investéiert hunn, fir eng e bëssi aner Advents-Ausstellung ze presentéieren.