
Dat huet dat soziaalt Netzwierk e Méindeg den Owend offizialiséiert. Den Hashtag Covid-19 a Varianten dovu goufen iwwer 400 Millioune Mol benotzt.
Deen Tweet, deen am Laf vun 2020 fir déi gréisste Resonanz gesuergt hat, wier den vum Doud vum US-Schauspiller Chadwick Boseman gewiescht, dee seng Famill op sengem Account publizéiert hat.
De Black-Panther-Schauspiller war am August, am Alter vun 43 Joer un de Suitte vun Daarmkriibs gestuerwen.