
D’Fra vum brittesche Prënz Harry huet en Donneschdeg bei engem Wal-Evenement online kloer Wierder fonnt, ouni allerdéngs d’Nimm vum aktuellen US-President Donald Trump, nach dee vu sengem Konkurrent, dem Joe Bidden ze nennen. Den Harry an d’Meghan hu sech jo Enn Mäerz offiziell aus de Reie vum brittesche Kinnekshaus zréckgezunn a liewen antëscht mat hirem Jong Archie a Kalifornien.
“Mir wëssen all, wat dëst Joer um Spill steet. Ech weess et an dir wësst et sécherlech och. Dir sidd genee sou motivéiert an engagéiert fir e Changement, wat mir all brauchen a verdéngt hunn”, sot d’Meghan bei engem Walopruff vun der Initiativ “When We all Vote”. D’Initiativ mécht sech dofir staarkt, datt jiddwer Walberechtegte seng Stëmm den 3. November ofgëtt. Prominenter wéi den Hollywoodstar Tom Hanks oder déi fréier First Lady Michelle Obama ënnerstëtzen d’Initiativ.