#proudboysHomosexueller kaperen den Hashtag vu rietsextremer Organisatioun

RTL Lëtzebuerg
D'Proud Boys sinn eng rietsextram us-amerikanesch Organisatioun, déi an de Protester wéinst dem Doud vum George Floyd op sech Opmierksam gemaach hunn.
© AFP

Nach am TV-Duell mam Joe Biden wollt sech den Donald Trump net vun de Proud Boys an anere rietsextreme Gruppen distanzéieren. Dëst huet hien dunn e puer dech méi spéit iwwert en anere Wee gemaach.

An där Zäit sinn d’Proud Boys awer ganz anescht a wuel och net gewollt an de Fokus vun de soziale Medien komm. Hiren #proudboys gouf vun der LGBTQI+-Communautéit genotzt, fir ënner anerem Fotoe vu Männer, déi sech Kussen, online ze setzen. Ganzer 600.00 där Biller goufe bis ewell mam Hashtag gepost.

Hei e puer Beispiller:

Back to Top
CIM LOGO