
Och zu Wuhan hunn eng Partie Visiteure vum gudde Wieder profitéiert a sech a Schwämmen a Fräizäitparken ofgekillt. Ganz ouni Social Distancing. Op Fotoen ass ze gesinn, wéi honnerte vu Mënschen dicht openeen am Waasser schwammen.

D’Biller wierken, wéi wann een an der Haaptstad vun der Provënz Hubei d’Corona-Pandemie hannert sech gelooss hätt. Eng Stad, déi um Ufank vun der Pandemie de Covid-19-Epizentrum war. Ganz Wuhan huet missen a Quarantän. 11 Milliounen Awunner goufen op de Virus getest.

Ma ganz verschwonnen ass de Coronavirus allerdéngs net a China. E Sonndeg gouf en neie Fall an der Provënz Hubei gemellt. Eng 68 Joer al Fra soll sech op en Neits infizéiert hunn, et gëtt vun enger “Reinfizéierung” geschwat.
