Iessens-Déif zu VenedegHoteller arméiere Gäscht mat Waasserpistoulen, fir Méiwen ze verdreiwen

RTL Lëtzebuerg
Zu Venedeg hu sech Hoteller eng kreativ Léisung iwwerluecht, fir Méiwen ewechzehalen: Si deele Waasserpistoulen un hir Gäscht aus.

Fir “aggressiv a lästeg” Méiwen ofzewieren, sollen d’Gäscht aus verschiddenen Hoteller zu Venedeg mat Waasserpistoulen op d’Vulle schéissen. Dat well d’Presenz vun den Déieren an der Stad an de leschte Joren ëmmer méi problematesch ginn ass. Aus deem Grond huet d’Hotelsfederatioun vu Venedeg eng Sëtzung aberuff, bei där Léisunge fir de Kampf géint d’Méiweplo entwéckelt goufen.

Besonnesch nerveg sinn d’Vulle wärend dem Iessen. Soubal d’Gäscht opstinn, fir bei de Buffet ze goen, géinge sech d’Méiwen op d’Iesse stierzen an et mathuelen, heescht et vun engem Hotelier. “Mir si gezwongen, dauernd anzegräifen, fir Dëschdicher, Teller a Glieser ze wiesselen, déi dacks dobäi zerbriechen. E puer Clientë laachen driwwer, anerer ginn awer rosen.”

D’Méiwe wieren donieft och e Probleem fir d’Hygiène an d’Gesondheet souwéi fir d’Gebaier an d’Ëmwelt, erkläert en Expert, deen d’Sëtzung koordinéiert huet. Ënnert anerem gouf iwwer Léisungen diskutéiert, wéi e Falkner z’engagéieren, deen d’Méiwe joe géing.

Zwee Hoteller hu sech dem Guardian no dofir decidéiert, hire Gäscht orangëfaarweg Waasserpistoulen auszedeelen, nodeems si gewuer gi sinn, datt Méiwen dës Faarf net gären hunn. “Soubal si d’Pistoule gesinn, fléie si fort”, sot de Gerant vum Hotel Gritti Palace. “Et brauch ee se emol net ze benotzen, et muss ee se nëmmen um Dësch leie loossen.”

Back to Top
CIM LOGO