
Nach virun 2 Wochen hätt hien Holz kleng gemaach, bannent de leschten 3 Deeg wier säi Gesondheetszoustand awer ëmmer méi schlecht ginn. Dat huet den Andre Naidoo am Numm vun der Famill e Samschdeg der Noriichtenagence AFP gesot. Hie soll un engem natierlechen Doud gestuerwe sinn, en Zesummenhang mam Coronavirus géing et net ginn.
Wéi et heescht, wier de Blom den 8. Mee 1904 zu Adelaine op d’Welt komm. Hie war 46 Joer mat senger Fra Jeanette bestuet.
Den eelste Mann vun der Welt ass dem “Guinnes-Buch der Rekorde” no den 112 Joer ale Britt Bob Weighton, deem säin Alter mat engem Gebuertsschäi ka beluecht ginn. Well de Südafrikaner Fredie Blom keen offizielle Gebuertsschäin huet, ass hien inoffiziell den eelste Mann vun der Welt.