
Wéi Instagram schreift hätt de Rapper Ye, wéi de West sech antëscht nennt, ëmmer erëm géint d’Reegele verstouss, andeem hien aner Leit belästegt hätt. Wéist weidere Verstéiss, Haassried, Mobbing a Belästegung, wieren och verschidde Posts vum Museker geläscht ginn. Sollt de West awer weider géint d’AGBe vun Instagram verstoussen, géif ee aner Strofmesuren envisagéieren, esou Meta.
De 44 Joer ale West hat an de leschte Wochen ëmmer nees de Komiker Pete Davidson, deen antëscht mam Kim Kardashian zesummen ass, verbal attackéiert. Obwuel d’Scheedung gesprach ass, huet de West seng Ex-Fra och schonn e puer mol gefrot, bei hien zeréckzekommen.
Si dogéint huet hiren Ex-Mann opgefuerdert, fir déi Familljenaffären net ëffentlech ze maachen an awer huet de West ënner anerem an de soziale Medien iwwer Suergerecht fir d’Kanner diskutéiert.