
No bal 10 Joer Paus war de Raab nees do mat allem wat hie kann. Musek, gepeffert Spréch a Quiz an ausgefalen Aufgaben.
Am RTL-Interview huet de Raab gewisen, dass hie frou ass, dass d'Demande no Tickete fir seng nei Show sou grouss ass.
Nom Boxkampf e Samschdeg virun bal 8 Millioune Spectateuren, huet et ee Moment sou ausgesinn ewéi wann hien eng Rëpp gequëtscht hätt, mee do konnt hien selwer awer Entwarnung ginn.