Guide MichelinIstanbul soll op Lëscht vu kulinaresch recommandéierten Destinatioune kommen

RTL Lëtzebuerg
De renomméierte Restaurantsguide huet decidéiert déi tierkesch Metropol Istanbul an hir Lëscht opzehuelen, wou et derwäert ass iessen ze goen.
E Plat aus dem Istanbuler Restaurant
E Plat aus dem Istanbuler Restaurant
© AFP

Déi tierkesch Metropol gëtt dat 38. Zil am Guide Michelin opgeholl, sou den internationaler Direkter Gwendal Poullennec en Donneschdeg.

“Istanbul ass eng kulinaresch Destinatioun op éischtem Niveau (...), déi mir bei alle Gourmete fërdere wëllen”.

E puer Restauranttester wieren den Ament zu Istanbul ënnerwee. Iwwer d’Nimm vun de geteste Restauranten mécht de Poullennec verständlecherweis e grousst Geheimnis. Déi éischt Auswiel vun de beschte Gourmet-Tempelen zu Istanbul soll den 11. Oktober verëffentlecht ginn.

Back to Top
CIM LOGO