Zanter 2008 simuléiertItalienesch Police erwëscht "Möchtegern-Blannen" wärend dem Autofueren

RTL Lëtzebuerg
Jorelaang huet en Italiener Sozialhëllefen an Héicht vun op d'mannst 170.000 Euro agesäckelt. Dat, well en den Autoritéite virgespillt huet, blann ze sinn.

Déi italienesch Finanzpolice ass schonn 2018 op de Fall opmierksam ginn, wéi de 40 Joer ale Mann säi Fürerschäin - trotz Probleemer mat der Siicht - erneiert huet. Am Kader vun den Ermëttlungen hunn d’Beamten hien dunn erwëscht, wéi hie wärend dem Fueren telefonéiert huet, wéi hie sech wärend enger Shoppingtour d’Produiten an de Vitrinnen ugekuckt oder senger Duechter d’Vëlofuere bäibruecht huet. Donieft hätt een hien och dobäi ertappt, wéi hien op engem Scooter ënnerwee war, deen net verséchert war. Dat mellt d’Lokalzeitung “Palermo Today”.

De Mann aus Palermo soll zanter 2008 Sozialhëllefen an Héicht vun op d’mannst 170.000 Euro kritt hu wéinst sengem “Handicap”. A sengem Frëndeskrees krut hien de Spëtznumm Berlusconi. Wéi et schéngt, net ouni Grond. De fréiere Ministerpresident Silvio Berlusconi misst sech ënnert anerem wéinst Steierbedruch viru Geriicht veräntwerten.

Berichter no war de 40 Joer alen Italiener der Police bekannt. 2020 gouf hien an éischter Instanz zu enger Prisongsstrof vu bal 15 Joer verurteelt, nodeems hie Member vun engem Grupp war, deen Accidenter virgetäuscht huet, fir Versécherungsleeschtungen ze kasséieren. Hien ass géint d’Urteel an Appell gaangen.

Back to Top
CIM LOGO