ErënnerungsstéckerIwwer 243.000 US-Dollar fir Kleed vum Amy Winehouse hirem lëschten Optrëtt

RTL Lëtzebuerg
E Stéck Pop- a Moudgeschicht: D'Minikleed, dat déi verstuerwe Sängerin bei hirem leschten offizielle Concert unhat, ass a Kalifornien versteet ginn.
© AFP

Dat gréng-schwaarzt Brëtellskleed, dat vum Amy Winehouse hirer laangjäreger Designerin a Stylistin Naomi Parry entworf gouf, ass e Sonndeg bei enger Stee zu Beverly Hills fir méi wéi 243.000 Dollar ënner den Hummer komm. Scho virop hat “Julien’s Auctions” de Präis op 15.000 bis 20.000 Dollar geschat. Fir d’Kleed goufen et 16 Offeren, iwwert de Keefer ass bis ewell näischt bekannt.

D’Brittin, déi mat Hits wéi “Back to Black” a “Rehab” weltbekannt gi war, hat d’Kleed am Juni 2011 bei engem Concert zu Belgrad un. Deemools war si scho vun hirer Alkoholsucht gezeechent, ass iwwert d’Bün getierkelt an ausgepaff ginn. Kuerz drop huet déi 27 Joer al Musekerin hir geplangten Tour duerch Europa ofgesot. Den 23. Juli huet een d’Amy dout an hirer Londoner Wunneng fonnt. Doudesursaach wier eng Alkoholvergëftung.

D’Kleed war den Héichpunkt vun enger Sammlung mat ronn 800 perséinleche Géigestänn, an där vu Kleeder a Make-up bis DVDen a Bicher alles dobäi war a vum Amy Winehouse hiren Eltere Mitch an Janis bei der Auktioun op zwee Deeg verkaf gouf. Vill vun den Objete wiere wäit iwwert hirer Estimatioun ënner den Hummer komm. Eng häerzfërmeg rout Liederposch, déi extra vun der Mark Moschino fir d’Musekerin entworf gi war, war fir 20.000 Dollar ugesat a fir knapp 205.000 Dollar ewechgaangen. Och de Präis fir eng Gebuertsdagskaart vun der Sängerin Adele ass bis op 3.200 Dollar geschoss.

Am Ganze wiere ronn 4 Milliounen Dollar erakomm, wat duebelt esou vill ass wéi erwaart. Een Deel vum Erléis wier da fir ee gudden Zweck bestëmmt a geet un d’Amy-Winehouse-Stëftung, déi Jugendlecher virun Alkohol- an Drogemëssbrauch schütze wëll.

Back to Top
CIM LOGO