De 15 . November war d’Journée des Pauvres, an deem Kader huet eng Bouneweger Spezialekipp eng Aktioun an d’Liewe geruff, fir de Sans-abrien eng kleng Freed ze maachen. Nom Opruff op de sozialen Netzwierker fir ze sammelen, si méi Saachen zesummekomm, wéi se sech ufanks erhofft haten.
D’Leit hunn esou vill Saache bruecht, dass se virun der Kierch en Drive-In hu missten organiséieren.
Iwwer 420 Tute koumen zesummen. Bannendra fënnt een dat noutwendegst, dat wat een am meeschte gebrauche kann: Deo, Seef, Zännbiischt, Zanpasta an e puer Iesswueren.
Nieft deem, wat an der Tut ass, spillt d’Tut selwer awer och eng grouss Roll am Liewen vun engem, dee keen Dag iwwert dem Kapp huet, esou gouf dës bewosst erausgesicht. En Accessoire, deen dacks fir den Transport vun deene Betraffene gebraucht gëtt. All Dënschdeg kréie si an der Kierch Liewensmëttel, déi si sech eraussiche kënnen. Dëst ass eng Aktioun, déi d’ganz Joer iwwer leeft, hei ginn Nummeren ausgedeelt, fir dass een d’Iwwersiicht net verléiert, ma den Ament gëtt awer och op de Virus opgepasst.
Et dierf ee sech eraussichen, ob wat ee Loscht huet, d’Quantitéit ass awer limitéiert.
Déi sozial engagéiert Ekipp bitt och all Dënschdeg Kaffi a Kuch virun der Kierch un.
