
E Freideg den Owend ass et kenger Persoun gelongen, fir den Jackpot am Euro Millions ze knacken.
4 Persounen haten allerdéngs fënnef Zuelen an ee Stär richteg a kënne sech esou iwwer 222.454,10 Euro freeën.
Direkt 26 Persounen hate fënnef Zifferen a kee Stär richteg. Fir si gouf et nach 7.998,60 Euro.
Fir d’Zéiung vum 17. November si viraussiichtlech 74 Milliounen Euro am Jackpot.