Live! Planet People am ReplayJeannot Huberty, Tanja Silcher a Raoul Christophe

RTL Lëtzebuerg
Am Live! Planet People geet et ëm jonk Talenter zu Bartreng, "Mutige Gedanken" an Jazz.
Live! Planet People: Jeannot Huberty, Tanja Silcher a Raoul Christophe
Am Live! Planet People geet et ëm jonk Talenter zu Bartreng, “Mutige Gedanken” an Jazz.

De Jeannot HUBERTY ass op der Sich no jonken Talenter fir de Bayota zu Bartreng. Hien ass selwer e begeeschterte Kameramann a Member vun der ArcA-Kommissioun vun der Gemeng Bartreng, déi elo nees op der Sich no Jonke sinn, déi eppes besonnesch gutt beherrschen. De Méiglechkeete si keng Grenze gesat, dat geet vun Danz iwwer Musek, Manga, Slackline, Molerei a méi. Jiddereen, deen eppes immens gäre mécht a richteg gutt kann, soll sech ugesprach fillen. bayota.bertrange.lu

D’Liedermacherin Tanja SILCHER huet d’Release vum CD “Zusammenhalten”. Gebuer ass d’Musekerin zu Schorndorf an der Géigend vu Stuttgart. Vun hirer éischter Pai huet se sech e Kontrabass kaf an huet zu Iechternach beim Marc Demuth geléiert. Si spillt a verschiddene Bands, gëtt Coursen an hire Beruff als Liewesmëttelingenieurin huet se 2019 un den Nol gehaangen. 2020 huet se sech mam Debutalbum “Mutige Gedanken” als Songwriterin ausprobéiert an den Owend um 20h00 ass zu Tréier an der TUFA d’Presentatioun vum neien Album zesumme mam Benedikt Schweigstill an Al Ginter. tanjasilcher.de

De Raoul CHRISTOPHE ass de Leader vun der Big Band Opus 78 a presentéiert hir nei Jazz-CD “The Luxembourg Jazz Session - Volume 2". Den neien CD ass schonn am Mäerz 2022 opgeholl ginn, mat Kompositioune vum Maxime Bender, Gilles Burgund, Raoul Christophe, Gilles Grethen, Ernie Hammes, Jitz Jeitz a Laurent Pierre. Alles Talenter, déi sech am Milieu vum Jazz zu Lëtzebuerg awer och am Ausland e gudden Numm gemaach hunn. De Concert mat Musek vun der CD ass en Donneschdeg 20. Abrëll am Aalt Stadhaus zu Déifferdeng. opus78.lu

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.

Back to Top
CIM LOGO