
Mëtt Oktober hat de Bridges ëffentlech matgedeelt, dass hie Lymphdrüsekriibs hätt. Bannent de leschte Wochen huet sech villes a sengem Liewe gedoen. Mëttlerweil huet de Schauspiller eng Glatz, säi Vollbaart ass och net méi do. Eng weider Nouvelle ass, dass hien en horege Matbewunner krut.
“Ech fille mech gutt, hu mäi Kapp raséiert, hu mir en Hond - Monty - ugeschaaft -, hat Gebuertsdag, 71, Mënsch”, schreift hien an de sozialen Netzwierker.
Donieft huet hien eng Foto gepost, op där een hien a säin neie Véierbeener um Schouss gesäit.
Den Oscar-Gewënner huet a senger Karriär an iwwer 90 Filmer matgespillt. Dorënner an de Filmer “Starman”, “Fearless”, “Iron Man”, “Tron” an “The Big Lebowski.” Fir seng Roll an der Verfilmung “Crazy Heart” gouf hie virun 10 Joer mam Oscar als beschten Haaptduersteller ausgezeechent.