
Déi 52 Joer al Sängerin a Schauspillerin huet an hirem Newsletter “On The JLo” e Video vu sech verëffentlecht, an deem si een Diamanterank bewonnert. Hire Spriecher huet dem “People"-Magazin d’Verlobung bestätegt.
Gemeinsam Fotoe vun den zwee Stare gouf et schonn d’lescht Joer, wat fir vill Spekulatioune gesuergt hat. Elo ass kloer: Déi zwee plangen nees, sech ze bestueden.
Tëscht 2002 an 2004 waren d’Jennifer Lopez an den Hollywood-Star Ben Affleck schonn eng Kéier eng Koppel. Hir fir 2003 geplangten Hochzäit hate si allerdéngs verréckelt an dunn Ufank 2004 hir Trennung bekannt ginn.