RIPJeopardy-Legend Alex Trebek am Alter vun 80 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Zanter 1984 hat den Alex Trebek déi beléiften TV-Sendung "Jeopardy" an den USA moderéiert, dat bis kuerz viru sengem Doud.

Hien hat an den USA Kultstatus, stoung am Guinnessbuch vun de Rekorder, a krut 4 Grammys fir seng Aarbecht, grad ewéi e Stär um Hollywood Walk of Fame. Hien hat och Gaaschtoptrëtter an den TV-Serien “Golden Girls”, “Die Nanny” oder “How I Met Your Mother”.

Ufank 2019 huet hien an enger kuerzer Videobotschaft matgedeelt, dass hien u Bauchspeicheldrüsekriibs erkrankt wier. E Sonndeg ass hien am Alter vun 80 Joer gestuerwen.

Back to Top
CIM LOGO