Am Alters- a Fleegeheem “Geenzebléi” zu Wolz hu sech d’Bewunner an d’Personal eppes ganz Besonnesches afale gelooss, fir sech selwer, mee och de Familljen eng Freed ze maachen.
D’Bewunner an d’Personal vum Wëlzer Altersheem hunn un der weltwäiter “JerusalemaDanceChallenge”, enger virtueller a solidarescher Beweegung, deelgeholl. Fir d’Residenten an d’Personal eng schéin Ofwiesslung, ma och d’Familljen hu sech iwwert de Video gefreet.
Fir dat Bescht aus der aktueller Situatioun ze maachen, gëtt probéiert, esou vill Aktivitéite wéi méiglech unzebidden. Dacks a klenge Gruppen, mat Mask an Distanz.
Den Alldag trotz sanitäre Restriktioune bäizebehalen, ass awer net esou einfach, wa Leit a Quarantän mussen. Dat war virun allem am Hierscht de Fall. Mee och am Confinement wier et wichteg nach Aktivitéiten ze garantéieren. Et huet een dofir an de leschte Méint méi individuell Aktivitéite mat de Mataarbechter ugebueden, mä dat ass awer net dat nämmlecht, wéi wann een zesummen an engem Grupp ass.
Mam Danzvideo sollt genee dat Gefill vun Zesummenhalt erëm an de Virdergrond geréckelt ginn. An dat hunn d’Residenten och gebraucht, huet d’Infirmière Patricia Azevedo bemierkt. Si huet de Projet mat ausgeschafft.
An enger Zäit mat villen Ëmstellungen a Restriktioune beweisen d’Seniorinnen an d’Seniore vu Wolz, dass Danzen an Zesummenhalen d’Waarden op besser Zäiten nawell méi agreabel maachen.