D’Lena vu Gonnereng séngt fir säi Liewe gär. A fir dass aus dem Amateur eppes gëtt, war hatt zu Lëtzebuerg op der Rock University an op der Pop Voice Academy. Zanter September 2019 léiert d’Lena och nach klasseschen Danz a spillt Piano. Bekannt gouf hatt dëst Joer duerch seng Participatioun bei de Voice Kids 7 a Frankräich, wou d’Lena bis an d’Halleffinall koum.

D’Anna vun Useldeng huet mat 6 Joer ugefaangen, Cello ze spillen an ze danzen. Am Hierscht huet d’Anna, Lëtzebuerg am Kannerjury vum Kannermedienfestival “Goldener Spatz” vertrueden, wou all Joer déi beschte Filmer a Kannerproduktiounen ausgezeechent ginn. D’Anna ass frou mat Déieren, awer am léifsten huet et säin Hond den Chico.

De Pierre fiert Skateboard a spillt Dëschtennis a war mat senger Klass zu München bei 1, 2 oder 3. Hei huet en den Elton kennegeléiert an huet zesumme mat senge Klassekomeroden Kara an Elisa am Quiz matgemaach. Am léifste kuckt hien Actionfilmer oder Komedie a guer net frou ass de Pierre mat Tomaten an schwaarzem Schockela.

De Joé Flies huet 2015 nom Enn vun der Band “Angel at my table” eng Solokarriär ugefaangen. Als Produzent huet hien d’Singlen “Fall in Love” an “Shoes off” fir d’Gezza geschriwwen a produzéiert, déi ënnert de meescht gestreamte Songs op Spotify ze fanne sinn. Hie selwer huet awer och schonn zanter dem leschte Joer 3 Singlen als Navajo opgeholl. No “Stuck on you” an “Time to shine” war d’Release vun “Shadows” op Halloween.
