Zwillingsschwëster iwwerlieftJong vum Cristiano Ronaldo stierft bei der Gebuert

RTL Lëtzebuerg
Dëst hunn de Cristiano Ronaldo a seng Partnerin Georgina Rodriguez e Méindeg den Owend via déi sozial Medie bekannt ginn.

D’Koppel huet Zwillingen erwaart. Ee Kand huet iwwerlieft. “Mat déifster Trauer musse mir den Doud vun eisem Jong bekannt ginn. Et ass déi gréisste Péng, déi als Elteren empfanne kann. Nëmmen d’Gebuert vun eisem Meedchen gëtt eis Kraaft, dëse Moment mat e bëssen Hoffnung an Gléck ze liewen. Mir soen den Dokteren an Infirmierë Merci fir d’Betreiung an hir Ënnerstëtzung. Mir si schockéiert iwwert dëse Verloscht a bieden ëm e bësse Rou an dëser schwéierer Zäit. Bëbee, du bass een Engel. Mir wäerten dech ëmmer gär hunn.”, sou d’Koppel.

Dat neigebuere Meedche konnt vun den Doktere gerett ginn. Enn Oktober 2021 hat d’Koppel d’Zwillingsschwangerschaft mat engem Ultraschallbild bekannt ginn. De 5-fache Weltfussballer huet selwer schonn dräi Kanner. Seng Partnerin eent.

Back to Top
CIM LOGO