Prix Mérite JeunesseJonk Leit motivéieren, sech baussent der Schoul z'engagéieren

RTL Lëtzebuerg
Dëst Joer geet de Präis vun der Fondatioun un d'Jugend-Stuff Munneref. Dat fir hire Projet Ouni Alkohol.
Prix du mérite jeunesse 2020
Zanter 1993 ass d’Fondatioun “Mérite Jeunesse Luxembourg” Member vum “The Duke of Edinburgh’s International Award Foundation”.

De Projet “Localize it” ass een europäesche Projet, wou et drëms geet, mat Hëllef vu Präventioun den exzessiven Alkoholkonsum bei Jonken ze reduzéieren. An deem Kontext, huet d’Jugendstuff Munneref Affichen entwéckelt, fir eben déi Jonk nach besser ze sensibiliséieren.

Am Kader vum Merite Jeunesse mussen sech déi Jonk a 4 Beräicher engagéieren ewéi dem Benevolat, dem Sport, der Entwécklung, grad ewéi am Beräich vun den Expeditiounen. Duerch déi verschidden Aktivitéite solle Jonker nach méi gefërdert ginn.

De Projet “Localize it” gouf länneriwwergräifend an 22 Gemengen uechter Europa duerchgefouert.

Back to Top
CIM LOGO