D’Joyce Hübner leeft zanter Mee ronderëm d’Grenze mat Däitschland. Wat 2016 mat engem Hallefmarathon zu Berlin ugefaangen huet, ass elo dem Joyce seng Challenge vum Liewen. All Dag ee perséinlechen Marathon. Fort goung et den 1. Mee zu Frankfurt an der Oder a vun do aus, der Auer no, eng Kéier ronderëm. Eng grouss Aventure laanscht déi polnesch Grenz, déi tschechesch duerch Sachsen, Bayern an elo ass d’Leeferin, déi op der Sich nom Gléck ass, bei eis an der Géigend. Ufank September misst dat definitiivt Ziel erreecht sinn.
@runninggirl.joyce op Instagram Tiktok a Youtube

De Georges Rischette invitéiert dëse WE op déi 10. Editioun vun der ‘Gala des Etoiles’ am Ballet. Den 8/9ten Juli kritt een e Programm vun 3 Stonne Ballet gebuede mat Dänzer aus 14 verschiddenen Natiounen. Weltwäit bekannte Primaballerinen a Stardänzer presentéiere modern Kreatiounen an Ausschnëtter aus grousse Klassiker. Et heescht eng leschte Kéier profitéieren, well d’Organisateure feieren net nëmmen hire ronnen Anniversaire, mee gläichzäiteg ass et och déi lescht Geleeënheet, fir bei enger ‘Gala des Etoiles’ derbäi ze sinn.

De Bazooka Brooze huet sech mat sengem neien Album als Rapper nei erfonnt. Scho mat 16 Joer huet de jonke Museker vun Esch éischt Lidder opgeholl. Hie sicht och de Kontakt mat senge Fans an de soziale Medien a reegelméisseg bei grousse Concerten op engem Festival, am Bistro oder am Concertssall. Op YouTube huet hien bis elo iwwer 1 Millioun Views. Dës Woch koum säin neien Video eraus, wou ee mierkt, dass hie méi räif an experimentéiert ass an hie freet sech, op alles wat kënnt.

www.luxrow.org
