Live! Planet People am ReplayJulia Görges, Patrick Salvi a Louis Reding

RTL Lëtzebuerg
Am Live! Planet People goung et e Freideg ëm Tennis, de Projet "Mär si Stol" an d'Brietspill "Nondikass".
Live! Planet People vum 21. Oktober 2022
Invité(e)ën am Studio waren d’Julia Görges, de Patrick Salvi an de Louis Reding

D’Julia Görges huet an der Coronazäit d’Tennisrakett un den Nol gehaangen, fir elo an der Coque nees kuerz réckfälleg ze ginn. Déi jonk Tennispensionnairin, déi 2018 Nummer 9 an der Welt war, nodeems se et bis an d’Halleffinall vu Wimbledon bruecht hat, an am selwechte Joer de WTA-Tournoi zu Lëtzebuerg gewonnen huet, huet an de 15 Joer vun hirer Karriär 7 WTA-Titel gewonnen. Déi lescht 2 Joer hat se vill Zäit fir nozedenken an duerchzeootmen a ka sech gutt virstellen, jonken Talenter zur Säit ze stoen an hir Experienz weiderzeginn.

De Patrick Salvi huet Bensinn am Blutt an en Häerz fir de Kiwanis. Mam Projet “Mär si Stol” gouf béides verbonnen. All Joer organiséiert hien de Kiwanis-Festival mat historesche Gefierer zu Lasauvage an elo koum him d’Iddi, dass sech bekannte Kënschtler op alen Autosdieren a Capote veréiwegen. D’Lëscht mat grousse Nimm, déi hien iwwerzeege konnt, gi vum Théid Johanns, Thierry Lutz a Marco Weiten, bis bei den Alain Welter an de Sumo. D’Expo ass op Nummer 69, rue de l’Alzette zu Esch an d’Stee ass en Donneschdeg 27. Oktober um 19 Auer fir “d’Enfance fragilisée” zu Lëtzebuerg.

De Louis Reding huet sech en Dram erfëllt an d’Brietspill “Nondikass” entwéckelt a produzéiert. Zesumme mam Dunja Bredimus hu si zwee sech Ufank vum Joer entscheet, en eegent Spill erauszebréngen. Et war e laange Wee vun der Iddi iwwer den Design an d’Sich no enger Spillmanufaktur an Holland bis zum Marketing an der Vente. Bei “Nondikass” geet et ëm Suen a Luxus. Teste kann een d’Spill bis den 22/10 am Pop-up Store zu Esch. Info op www.brietspill.lu

Back to Top
CIM LOGO