
Vu Januar u bitt d’Ryerson Universitéit zu Toronto de Cours “Deconstructing Drake & The Weekend” un. De Professer Dalton Higgins, deen ënnert anerem eng Drake-Biografie geschriwwen huet, soll d’Studenten iwwer d’Liewen, d’Karriär an d’Texter vun de Museker ënnerriichten. Wéi CNN matdeelt, huet de Professer virdru schonn op e puer Unie Coursen iwwer afroamerikanesch Musek an Hip-Hop ginn.
Iwwert säin neie Cours seet hie selwer: “Et gëtt Zäit, datt eis kanadesch Rap- an R&B-Ikonen unerkannt an akademesch respektéiert ginn.” Béid Rapper sinn zu Toronto gebuer a gehéieren haut zu deenen erfollegräichste Rapper op der Welt.
Dem Drake ass et eréischt Ufank dës Jores gelongen, als éischte Kënschtler iwwerhaapt gläichzäiteg déi éischt dräi Plazen an de Billboard Hot 100 eranzeklammen. Mat sengem Lidd “What’s Next” war hien op Plaz 1. “Wants and Needs”, an deem de Lil Baby Gaascht-Rapper war, koum op Plaz 2 an “Lemon Pepper Freestyle”, bei deem de Rick Ross matrappt, stoung op drëtter Positioun.

Den Abel Makkonen Tesfaye, och The Weeknd genannt, hat 2012 säin Duerchbroch mat senger Mixtape-Compilation “The Trilogy”. Seng Single “Blinding Lights” ass dat international erfollegräichste Lidd 2020 ginn a säin Album “After Hours” war dat selwecht Joer déi bescht verkaaften R&B-Plack. De Sänger hat souguer d’Éier, wärend der faméiser Superbowl-Halbzeit Ufank Februar eng spektakulär Show ze spillen. An elo am Juni ass bekannt ginn, datt hien och nach als Schauspiller an Dréibuchauteur an der HBO-Serie “The Idol” matwierke wäert.