
De Kanadier soll elo aus Indonesien expulséiert ginn, well hie fir dee rituelle Maori-Danz, deen aus Neiséiland staamt, plakeg um hellege Bierg stoung an dee selwer gefilmte Video am Internet verëffentlecht huet. No sëllege Plaintë gouf hien e Méindeg festgeholl a verhéiert.
Elo waart de Craigen op seng Expulsioun, dobäi gëtt et just ee Problem. Den indoneseschen Autoritéiten no wëll keng Fluchgesellschaft hie mathuelen. Den Influencer ass nämlech net géint de Coronavirus geimpft.
Den Jeffrey Craigen war Enn 2019 als Tourist an Indonesien gereest, fir alternativ Heelmethoden fir Osteoporos ze léieren. Hien hätt eegenen Aussoen no net gewosst, dass de Batur vu ville Mënschen op Bali als hellege Bierg veréiert gëtt. De Chef-Immigratiounsbüro Jamaruli Manihuruk huet an deem Sënn en Appell u sämtlech auslännesch Visiteure gemaach, “d’Gesetzer an d’Kultur vu Bali ze respektéieren”.
Eleng d’lescht Joer ware bal 200 Touristen aus Bali expulséiert ginn, deelweis wéinst Verstéiss géint d’Corona-Reegelen. Fir besonnesch vill Opmierksamkeet hat e Fall am Mee gesuergt mat enger russescher Influencerin an engem taiwanesche YouTuber: Ee vun enger Koppel verëffentlechte Video huet gewisen, wéi d’Fra just mat enger opgemoolter Mask op Bali ronderëm gelaf ass. No vill Roserei a Kriticken huet d’Koppel d’Insel misse verloossen.