Gesond oder gëfteg?Kann ee sech op Smartphone-App fir Champignone verloossen?

Philippe Dondelinger
Et gi vill verschidden Zorte vu Champignonen, ma et kann ee se net all iessen. Verschidden Appe wëllen awer beim erkennen hëllefen.
Smartphone-App fir Champignonen:
Kann ee sech drop verloossen?

Si spillen eng wichteg Roll an eisem Ökosystem, ouni Si geet et net. Duerch de ville Reen am September schéisse se elo iwwerall aus dem Buedem. Riets geet vun de Champignonen. Wann een awer elo näischt dovunner kennt, kann ee mëttlerweil am Zäitalter vun de Smartphonen op eng App zougräifen, mä wéi genee sinn dës Appen, a kann ee sech drop verloossen?

De Philippe Dondelinger huet fir eis den Test gemaach

Ech muss éierlech zouginn, ech kennen guer näischt vu Champignonen, just déi, déi ech emol um Teller fannen. Mä kann eng Smartphone App engem dobäi hëllefen a kann ee sech och drop verloossen?

A mengen Ae gesäit villes op de Fotoen änlech, awer net d’nämmlecht aus, a genee do läit de Problem. Eng eenzeg Champignon-App um Handy kann, a mengen Fall emol, een un d’Zweiwele bréngen, ausser et erkennt een e Champignon duerch Zoufall.

Dofir treffen ech mech mam David Albert, dee Restaurateur ass. Hie kacht reegelméisseg mat Champignonen, déi hie selwer siche geet.

Och hie réit mer, sech net nëmmen op eng App ze verloossen, mä och nach Bicher dobäi zéien. Online Recherche kënnen engem och hëllefe mat Fotoen. Am beschte soll een awer an d’Haus vun der Natur op der Kockelscheier goen, do kënnen engem d’Mykologe weiderhëllefen.

Ech vertrauen dem David mat deene puer Champignonen, déi mer erausgesicht hunn, an elo geet et fir hien an d’Kichen, do hunn ech näischt verluer, et soll jo herno schmaachen. Säi Plang, en frëschen “Toast aux Champignons.”

D’Resultat léisst sech weisen, wäit muss een net siche goen, en Toast aux champigons, frësch, gesond a saisonal.

Back to Top
CIM LOGO