Iwwerraschung fir ChrëschtdagKanner mole Biller fir Bewunner vun Altersheemer

Christophe Hochard
An d'Freed iwwer dës flott Iwwerraschung war grouss zu Esch.
Aktioun fir Leit aus den Altersheemer eng Freed ze maachen
D’Chrëschtdeeg si gemenkerhand Feierdeeg, déi an de Famillje gefeiert ginn. Dëst Joer muss een sech der Situatioun upassen.

Uganks Dezember hat d’Morena Luisi d’Iddi, eppes z’organiséieren, fir eelere Leit en Vue vun de Feierdeeg um Enn vum Joer eng Freed ze maachen.

Mat hirer Aktioun “Mol e Bild” huet déi jonk Fra vun Esch iwwert déi sozial Netzwierker Famillen a Schoulklassen opgeruff, d’Kanner z’encouragéieren, fir Biller ze molen, déi duerno de Bewunner vum Cipa „Op der Léier” zu Esch sollte geschenkt ginn.

D’Aktioun huet sech ganz séier iwwert d’Minett-Metropol eraus als grousse Succès erwisen.

Déi geplangten 165 gemoolte Biller fir d’Escher Servior-Altersheem ware séier gesammelt a bis den 20. Dezember hate sech beim Morena Luisi doheem am Ganze 950 kreativ Wierker vu Kanner gestapelt.

Mat Hëllef vun hirer Frëndin a Spillschoulsjoffer, dem Tina Denys, huet d’Morena du weider Strukturen, an deenen eeler Leit wunnen, kontaktéiert, fir si an d’Aktioun mat anzebannen.

Schlussendlech konnte sech 950 „Bomien a Bopien” den 23. Dezember iwwert de Besuch vun den zwou Dammen an eben déi vill flott Biller vun de Kanner freeën, déi de Senioren e Laachen an d’Gesiicht gezaubert hunn.

© Christophe Hochard

Grad an dësem spezielle Pandemie-Joer dierft et den eelere Leit an de Strukture schwéier falen, d’Feierdeeg richteg ze genéissen.
Familljebesuch ass an den Ariichtungen zwar erlaabt, allerdéngs zäitlech limitéiert an op Distanz, am Respekt vun de sanitäre Reegelen eben. D’Bewunner dierfen d’Servior-Altersheemer och verloossen an hir Famille fir d’Chrëschtdeeg doheem besichen. Nom Retour am Cipa gëllt dann awer eng Quarantän-Zäit fir déi Concernéiert.

Déi Responsabel vun Alters-a Fleegeheemer versichen awer haus-intern hire Bewunner d’Feierdeeg sou schéi wéi méiglech ze gestalten, a se esou d’Corona-Kris an hir Konsequenze fir eng Zäitche vergiessen ze loossen.

Back to Top
CIM LOGO