Keen Alaaf oder Helau?Karneval-Saison 2021 kéint wéinst Corona an d'Waasser falen

RTL Lëtzebuerg
Den däitsche Gesondheetsminister Jens Spahn weist sech net optimistesch a puncto Karneval 2021.

Wéi d’"Rheinische Post” schreift, soll den däitschen CDU-Politiker wärend enger Telefonskonferenz gesot hunn, dass d’Geckenzäit am Wanter kéint ausfalen. Grad matten an der Pandemie kéint hie sech kee Karneval am Wanter virstellen. “Dat ass batter, awer esou ass et”, sou de Jens Spahn, dee selwer aus enger Karneval-Héichbuerg kënnt.

Den Däitsche Karnevalverband wiert sech géint eng méiglech Annulatioun a reagéiert kritesch op d’Äusserung vum däitsche Gesondheetsminister. “Et ass am August vill ze fréi, fir Evenementer ofzesoen”, sou de President vum BDK, de Klaus-Ludwig Fess. Déi selwecht Meenung vertrëtt de Michael Kramp, Spriecher vum Festcomité vum Daachverband vun de meeschte Kölner Karnevalsveräiner: “Et muss een net haut verbidden, wat eréischt an engem hallwe Joer wäert sinn.” D’Ofsoe vun den Evenementer géing e “wirtschaftlecht Desaster” mat sech bréngen, betount de President vum BDK am Gespréich mat der “Rheinischen Post”. Fir d’Organisateure géing d’Gesondheet och un éischter Stell stoen, awer éier d’Veranstaltungen alleguerten ofgesot ginn, missten et Gespréicher doriwwer ginn, sou nach de Fess.

Grond fir dem Jens Spahn seng Skepsis sinn déi vill Neiinfektiounen an Däitschland, déi nees staark an d’Luucht ginn. Iwwer 224.500 Persounen hu sech bis ewell bei eisen däitschen Noperen infizéiert. D’Awunner wieren noléisseg ginn, huet de President vum Robert Koch-Institut Lothar Wieler festgestallt.

Back to Top
CIM LOGO