Online-Dating, Flirten, KenneléierenKee Kino, keng Restauranten a keng Baren: Corona huet villes verännert

RTL Lëtzebuerg
Haten et Singelen esou schonn net liicht, huet de partielle Lockdown et hinnen nach e gutt Stéck méi schwéier gemaach.

An enger Bar eng interessant Persoun uschwätzen, flirten, sech souguer nei verléiwen? An Zäite vu Corona net ganz einfach. Datingsapps sinn zanter Woche gefrot wéi nach ni.

Et ginn och nach Mënschen, déi en éischt perséinlecht Treffe favoriséieren. Ma well den Ament weder Caféen, nach Restauranten, Kinoen oder Muséeën - Plazen, wou een als Single gär en Treffpunkt ausmécht - ophunn, kënnt just de Rendez-vous fir e Spadséiertour a Fro. Dovun ofgesinn, dass ee sech mat Mask trëfft. Net grad unzéiend.

Grad an dësen Zäiten huet dowéinst den Online-Dating Héichkonjunktur, souguer extra Video-Chat-Plattformen hu verschidden Online-Datingportaler ëmgesat. Sou kann een an Zäite vu Social Distancing op d’mannst virtuell matenee flirten. A wann et net duergeet, fir sech ze verléiwen, huet een alt wéinstens nei Bekanntschaften, a wie weess, nei Frëndschafte gemaach.

Och d’Dating-App “Tinder” hat ee massiven Zoulaf. Do gouf elo ausgewäert, wat dëst Joer am meeschte Flirt-Succès bruecht huet. An do ginn et tatsächlech Pandemie-Umaach-Spréch wéi: “Let’s be like covid and catch each other” (Looss eis Covid sinn an eis géigesäiteg afänken) a “Wash your hands so you can hold mine” (Wäsch deng Hänn, fir dass du meng hale kanns).

Vläicht gëtt et Zäit, fir nees méi op en traditionellen, vläicht och méi romantesche Wee ze goen. Nom Lockdown...

Back to Top
CIM LOGO