
Wéi et vu sengem Spriecher heescht, hätten d’Dokteren d’Famill vum 61 Joer ale Sizemore schonn doriwwer informéiert, datt et keng Aussiichten op Besserung gëtt an och recommandéiert, d’Maschinnen, déi en um Liewen halen, ofzeschalten.
D’Famill wëll elo iwwert dat weidert Virgoen decidéieren.
Den 18. Februar géint 2 Auer moies gouf den Tom Sizemore bewosstlos a sengem Haus zu Los Angeles fonnt. Wéi et schéngt, ass hien no engem Schlag zesummegebrach.