KannerwonschKënschtlech Befruchtung vu chineesesche Krankekeessen ofgedeckt

RTL Lëtzebuerg
Obwuel et d'1-Kand-Politik schonn zanter 7 Joer net méi gëtt, ass de Gebuertstaux sou niddreg wéi nach ni. Elo geet d'Land nei Weeër fir d'Familljeplanung.

Wéi staatlech Medie mellen, kënnen zu Peking d’Käschte fir d’Traitementer a méi wéi enger Dose Kannerwonschzenteren an Zukunft vu Krankekeesse matfinanzéiert ginn. Eng 16 medezinesch Déngschtleeschter, déi sougenannten assistéiert Reproduktiounstechnologië benotzen, gi vum 26. Mäerz vun der staatlecher Versécherung vun der Haaptstad mat ofgedeckt.

Dat fir “proaktiv Mesurë fir d’Ënnerstëtzung vun der Fruchtbarkeet z’ergräifen”, esou d’Zeitung “Beijing Daily”. Dëst kéint dozou bäidroen, d’Eegekäschte fir eng kënschtlech Befruchtung ze miniméieren. Virun allem Koppelen aus den niddregen Akommesklassen kéint dëst hëllefen, Kanner ze kréien. Och Persounen, déi keen Accès zu enger privater Krankeversécherung hunn, kéinte vum neie Reglement profitéieren.

Back to Top
CIM LOGO