D’Kimberly Nelting kennt een aus dem Karate, mä d’Weltmeeschterin vun 2017 zitt et ëmmer méi dacks als Actrice virun d’Kamera. D’Sportlerin vum Joer 2017, huet schonn als klengt Kand ëmmer dovunner gedreemt, fir Schauspillerin ze ginn, an de Moment setzt si zu Berlin alles drun, fir dass aus dësem Wonsch Realitéit gëtt. Déi 1,67m grouss Héichleeschtungssportlerin, déi den 3. Dan huet, war schonn an 2 Museksvideoen, e puer Kuerzfilmer an och bei Fotoshootinge ze gesinn, a géif sech elo freeën, wann de private Schauspillunterrecht sech rentéiert huet.
D’Julie Bove engagéiert sech bei der FNEL fir den Nepal a bréngt vill faarweg Impressioune mat vum Terrain. Vum 29. Mäerz bis de 7. Abrëll war eng Delegatioun vu 5 Leit op d’Plaz, fir sech 5 vun den 12 Projeten unzekucken, déi vun der ONGD FNEL betreit a finanziell ënnerstëtzt ginn. Gläichzäiteg sinn awer och d’Preparativen amgaange vun engem Camp, deen 2023 am Nepal mat 45 Jonken ofgehale gëtt. Notéiere soll ee sech och den 9. Mee um “MayKa Difference”, e klengt Quartiersfest um Cents mat villen Informatioune ronderëm den Nepal.
Den däitsche Bestsellerauteur Tom Hillenbrand fënnt ëmmer nees a senge Bicher e Lien zu Lëtzebuerg a kënnt de 5. Mee op Steesel an de Kultursall. Wéi de gebiertegen Hamburger 2011 säin éischte Roman “Teufelsfrucht” erausbruecht huet, hätt hie bestëmmt net geduecht, dass hie sou e Succès mat senge Krimien iwwer de fréiere Stärekach Xavier Kieffer hätt. “Goldenes Gift” ass de 4. November 2021 erauskomm a completéiert d’Serie vun där sech bis ewell 750.000 Exemplaire verkaaft hunn.
All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.