Zanter 29 Joer um TrounKinnek Harald V. vun Norwegen an d'Spidol ageliwwert

RTL Lëtzebuerg
Den norwegesche Palais huet e Freideg wësse gedoen, dass de Kinnek Harald V huet missen an d'Klinik bruecht ginn. De Grond gouf awer net matgedeelt.
© NTB Scanpix/AFP/Archiv/Lise AASERUD

Den 83 Joer ale Kinnek, deen zanter 29 Joer regéiert, gëtt temporär vu sengem Jong, dem Krounprënz Haakon, vertrueden.

2003 gouf de Kinnek u Kriibs operéiert, 2005 koum eng weider Häerz-OP. Schonn am Januar dëst Joer huet hie misse wéinst enger Infektioun am Spidol behandelt ginn. Ma trotz gesondheetleche Problemer huet de Monarch net wollten ofdanken.

Back to Top
CIM LOGO