Fréier Prinzessin TessyKlengen Theodor gouf gedeeft

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vun der Famill gouf de klengen Theodor e Samschdeg zu Dikrech an der Kasär Grand-Duc Jean gedeeft.

Nieft den Elteren, senge Bridder Gabriel an Noah, waren och seng sechs Pätteren a Giedelen a weider Deeler vun der Famill a Frënn mat dobäi. De 26. August war den Theodor op d’Welt komm. Et ass den drëtte Bouf vum Tessy Antony, den éischte mat hirem neie Mann Frank Floessel.

Mat dobäi war awer och den Ex-Mann vun der fréierer Prinzessin an de Papp vum Gabriel an Noah de Prënz Louis. Begleet gouf hie vu senger Verloobte Scarlett-Lauren Sirgue.

Back to Top
CIM LOGO