Take Off – Nei Science Challenge ShowKniwweleg Challengen, spannend Coursse géint d'Zäit an héich motivéiert Jonker

Olivier Catani
Dat ass Take Off, déi éischt Science Challenge Show hei zu Lëtzebuerg. E Samschdeg war um Belval den Tournage vum éischten Episod.
Take Off – Nei Science Challenge Show
Kniwweleg Challengen, spannend Coursë géint d’Zäit an héich motivéiert Jonker

Am Ganzen haten 150 Jonker sech fir de Casting gemellt. Déi 26 Bescht vun hinnen hunn an de Kulisse vun den alen Héichiewen dräi Challengë musse meeschteren. A just déi 12 Bescht hu sech fir d’Show qualifizéiert. Déi wäert ee vum Januar u kënne kucken.

Hei op RTL, RTL Play, science.lu an och op de soziale Medien.

Am Ganze wäerten et 13 Episode ginn. An um Enn kritt de Gewënner e Präisgeld vun 10.000 Euro. Take Off ass eng Initiativ vum Fonds National de le Recherche an der André Losch Fondatioun. E Projet, un deem scho laang geschafft gëtt, an duerfir waren déi zwee Kandidate-Coachen Joseph Rodesch a Lucie Zeches och immens frou, dass et de Weekend endlech lassgaangen ass.

Back to Top
CIM LOGO