Zanterhier fuere si mat engem ëmgebaute Van duerch ganz Europa. Dat sougenannt “Van Life” wier awer keng Vakanz, esou d’Koppel. Si hunn aus hirem Hobby nämlech hire Beruff gemaach, a féieren ënnert anerem ee Blog.
Op Youtube verfollege ronn 20.000 Leit hir Aventuren - mat allen Héichten awer och Déiften. Wéi koum et zu dësem Liewenswandel? Wéi lieft et sech an enger Camionnette? A wéi kann ee mat Reese Sue verdéngen? Dat alles verroden d‘Natascha an de Patrick eis an der neier Serie “Neistart”.