De Konstantin Rommelfangen ass op Vältesdag zesummen mam Dorothée Neeff an der éischter Lëtzebuerger romantescher Komedie, op RTL ze gesinn. "Zeréck" ass geschriwwen a realiséiert vum Frédéric Zeimet. Hei eng Beschreiwung: "Aus ganz verschidde Grënn mussen d'Camille an den Thomas zeréck an hiren Hotel no engem laangen Owend. Et ass scho spéit an och wann si sech guer net kënne leiden, entscheeden si de Wee zesummen ze maachen, duerch eng eidel Stad, d'Geleeënheet al Wonnen ze heelen". Et ass eng weider Chance den Acteur deen zu Wien Geschicht studéiert huet an een aus "Capitani", "Comeback", oder "Hinterland" kennt, erëmzegesinn.

De Guy Christen preparéiert sech an Amerika op den 3. Trail fir d'Fondatioun Kriibskrank Kanner. De 45 Joer alen Offizéier bei der Police ass frou mat der Natur an trëppelt zanter senger Kandheet. Säin Wonsch war et ëmmer, méi grouss Tier ze maachen, a sou huet e sech 2019 un de "Pacific Crest Trail" getraut. Fir déi 4.300 km huet hie 6 Méint gebraucht an huet 13.500.- Euro fir d'Fondatioun Kriibskrank Kanner gesammelt. 2021 huet hien decidéiert, den "Continental Divide Trail" ze goen an elo steet den 'Appalachian Trail" um Menu, wou hien 3.510 km fir de gudden Zweck zréckleeën muss.

Hei den offizielle Site vum Fotograf!
