
Dat well “Orgasmen Endorphinen, Serotonin an Oxytocin fräisetzen, déi ee schlechten Dag an een onvergiesslechen Dag verwandele kënnen”.
An d’Liewe geruff, gouf dës Initiativ vum Jugendsekretariat an der kolumbianescher Milliounestad Medellín. Zil wier et am konservative Kolumbien, d’Masturbatioun als “natierlech, evolutiv, historesch an normal” Sexualpraktik presentéieren. Vill Jonker géingen am südamerikanesche Land nach ëmmer ënnert dem Drock vun der Sexualmoral leiden. Virun allem déi weiblech Masturbatioun wier stigmatiséiert, dofir hätt een decidéiert d’Campagne virop u Fraen ze riichten.
D’Meenungen zu der Initiativ a Kolumbien ginn wäit auserneen: Als “Blamage” fir d’lokal Autoritéiten huet den Internetuser Felipe d’Aktioun bezeechent. “Mengt Dir net, datt et vill méi grouss Problemer an der Stad ze léise gëtt?, freet den Notzer Iván. Positiv dogéint bewäert d’Notzerin Juliana d’Campagen: “Schwätzt ouni Tabuen oder Verbueter iwwert d’ëffentlech an d’sexuell Gesondheet”, schreift si.
D’Wëssenschaftlerin María Camila Torres vun der Uni Rosario, déi op reproduktiv Gesondheet spezialiséiert ass, huet d’Campagne als “relevant an noutwenneg” bezeechent, fir d’Mënschen an enger “esou konservativer, kathoulescher a machistescher Kultur opzeklären”.